Prévia do material em texto
Succeed at the Sproochentest Iessgewunnechten - Froen 1. Wéi vill Mol den Dag iesst Dir? 2. Um wéi vill Auer iesst Dir normalerweis? 3. Wéi oft iesst Dir waarm? 4. Wat iesst Dir gewéinlech beim Kaffi an der Woch? (iessen & drénken) 5. Wat iesst Dir gewéinlech beim Kaffi de Weekend? 6. Wat iesst Dir gewéinlech zu Mëtteg? 7. Mat wiem / Wou iesst Dir zu Mëtteg? 8. Um wéi vill Auer iesst Dir owes? Mat wiem? 9. Wat iesst Dir zu Nuecht? 10.Wat sinn Är Iessgewunnechten an der Vakanz? 11.Schwätzt iwwer d’Iessgewunnechten aus Ärer Heemecht? 12. Beschreift eng Spezialitéit aus Ärer Heemecht! 13. Kennt Dir Lëtzebuergesch Spezialitéiten? © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Medien Ech lauschtere gär de Radio. Ech lauschteren all Dag RTL.lu am Auto um Wee fir op d’Aarbecht. Um 8 Auer sinn d'Neiegkeeten an duerno ass d'Sendung „Den Invité vun der Redaktioun“. Ech lauschteren de Radio fir mech iwwer déi lokal Aktualitéit z’informéieren. Owes liesen ech och gär e Buch am Bett. Am léifste liesen ech spannend Romaner. Ech kafen d’Bicher op Internet, dat ass einfach. Meeschtens liesen ech op Englesch an op Franséisch. Ech liese keng Pabeierszeitungen, mee ech liesen d'Zeitung ëmmer op Internet. Ech hunn och en Abonnement fir eng Zäitschrëft. Ech liese gär iwwer Gesondheet, Geschicht an international Politik. Ech surfen natierlech gär op Internet, meeschtens fir Saachen ze kafen oder fir mech z'informéieren. Ech buchen all meng Vakanzen op Internet. Allerdéngs, sinn ech net vill aktiv op de soziale Reseauen, well ech keng Zäit hunn. Ech skypen net gär, dofir telefonéieren ech léiwer. Mäin Handy benotzen ech virun allem fir a Kontakt mat Frënn a mat menger Famill ze bleiwen - entweder iwwer "What's app" oder "Viber". Ech maache Fotoe, schreiwen SMSen a kucken d'Meteo um Handy. An ech benotze mäin Handy och fir ze spillen. Ech kucken net vill Tëlee. Meeschtens kucken ech de Weekend e Film mat de Kanner oder en Documentaire iwwer d'Natur oder eng Serie op Netflix . Ech gi léiwer an de Kino. Vocabulaire Buch / Bicher: Krimi, Biographie, Roman, Geschicht, Radio: Noriichten, Neiegkeeten, Aktualitéit, Interview, Sport Tëlee: Film, Serie, Documentaire, Talkshow, Noriichten Internet: sozial Reseauen, akafen, eng Vakanz buchen, mech informéieren, Handy: a Kontakt si mat Frënn & Famill, Musek lauschteren, Fotoe maachen Zeitung / Zeitungen: Dageszeitung, Wochenzeitung, Pabeierszeitung ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Zäitschrëft / Zäitschrëften: iwwer Politik, international Politik, Konscht, reesen, gesond liewen, Sport, kachen, asw… Verben: lauschteren, kucken, liesen, mech informéieren benotzen, telefonéieren schécken, googlen, surfen Adjektiver: spannend, interessant, langweileg, lokal, aktuel, national, international, kulturell, Ech schreiwen iwwer: Medien déi ech benotzen ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Medien - Froen 1. Wat fir Medie kennt Dir? 2. Wat fir Medie benotzt dir reegelméisseg? 3. Lauschtert Dir de Radio? Wéi oft? Wéini? (am Auto, um Büro, owes doheem ....) 4. Wat lauschtert Dir? (Musek op Eldoradio, d'Noriichten op rtl.lu, ...) 5. Benotzt Dir Medie fir Lëtzebuergesch ze léieren? 6. Kuckt Dir d'Tëlee? Wat? (Filmer, Documentairen, Noriichten, Serien ...) 7. Wéini kuckt Dir Tëlee? Mat wiem? Op wat fir enger Sprooch? 8. Wéi oft gitt Dir an de Kino? Wat gitt Dir an de Kino kucken? 9. Wat fir Genre Filmer kuckt Dir gär? 10. Wéi laang pro Dag surft Dir am Internet? 11. Firwat surft Dir am Internet? (eng Vakanz buchen, Kleeder, Bicher kafen, fir mech z'informéieren ..) 12. Benotzt Dir sozial Reseauen? (Facebook, Twitter, ...) 13.Wat maacht dir mat Ärem Handy? 14. Wat liest Dir gär? (Bicher, Zeitungen, Zäitschrëften ….) 15. Wat fir Genre Bicher / Zeitungen liest Dir gär? 16. Wéini liest Dir? (all Dag, an der Vakanz, de Weekend….) 17. Op wat fir enger Sprooch / wat fir Sproochen liest Dir? ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Succeed at the Sproochentest De Stot maachen Ech schaffen als Comptabel doheem. Ech schaffen hallef Deeg an dofir hunn ech Zäit fir déi meescht Hausaarbechten ze maachen. Ech maachen eemol d'Woch grëndlech de Stot, meeschtens méindes moies. Ech botzen dann d'Fënsteren, botzen de Buedem naass op, raumen d'Zëmmer vun de Kanner, maachen d'Entrée propper a maachen d'Wäsch. Meng 2 Kanner sinn nach kleng a maachen zimlech vill Knascht beim Iessen. Dofir kieren ech all Dag d’Kichen a staubsaugen och am Iesszëmmer. Mir hunn eng Spullmaschinn, dat ass praktesch. Sou brauch ech net ze spullen. Ech kache regelméisseg d'Mëttegiessen a mäi Partner preparéiert ëmmer d'Owesiessen. Bei eis, decken d'Kanner den Dësch. Si maachen dat gär. Mäi Partner hëlleft mir och ëmmer d’Poubelle eidel ze maachen. Freides no der Aarbecht gi mir zesummen akafen. Mir ginn nëmmen eemol d'Woch Kommissioune maachen. Leider muss ech 2 bis 3 mol d'Woch strecken. Ech maachen dat guer net gär. Dat ass langweileg. Glécklecherweis streckt mäi Partner seng Hiemer a seng Boxe selwer. Hien hänkt a raumt d'Kleeder och an de Schaf. Vocabulaire de Stot maachen = d'Hausaarbecht = den Haushalt d'Kiche kieren, de Buedem naass opbotzen, d'Wäsch maachen / ophänken, den Dësch decken, d’Spullmaschinn ausraumen, d’Bett maachen, d'Iesse preparéieren oder kachen den Dreck an d'Poubelle maachen, d'Dreckskëscht eidel maachen d'Zëmmer grëndlech raumen, d'Kleeder an de Schaf raumen d'Wunneng / d'Haus botzen akafe goen = d'Kommissioune maachen Verben: botzen, stëbsen, staubsaugen, opbotzen, spullen, kieren, propper maachen, raumen Adjektiver: schrecklech, regelméisseg, langweileg, grëndlech, knaschteg, propper, flott ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Ech maachen de Stot: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Hausaarbecht - Froen 1. Wat fir eng Zort Wunneng hutt Dir! 2. Mat wiem wunnt Dir do? 3. Wie mécht bei Iech doheem de Stot? 4. Wéi oft maacht Dir de Stot? 5. Wat fir Hausaarbechte maacht Dir? 6. Wat fir eng Hausaarbecht maacht dir gär / net gär? 7. Hutt Dir eng Spullmaschinn? 8. Wéi oft maacht Dir d’Wäsch? 9. StrecktDir? Wéi oft? Streckt Dir gär? 10. Wéi oft staubsaugt Dir d’Wunneng? _____________________________________________________ Sidd Dir Botzfra? Erzielt: wat musst Dir maachen? ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Akafsgewunnechten Ech schaffe vu méindes bis freides. Dann hunn ech keng Zäit fir Kommissiounen ze maachen. Ech ginn ëmmer samschdes moies an de Supermarché akafen. Dann hunn ech Zäit. Leider sinn da vill Leit do an ech muss oft laang an der Kees waarden. Dat ass e bësse stresseg. Am Supermarché fannen ech alles wat ech brauch: alles fir z’iessen, d’Gedrénks, Mëllechprodukter, Wäsch - a Botzmëttel. Do gëtt et och eng Bäckerei an eng Metzlerei. Dat ass praktesch. Ech ginn och regelméisseg an de Biobuttek fir frëscht Uebst a Geméis ze kafen. Wann ech Congé hunn, ginn ech och op de Maart. Do kann ech gudde Kéis, frësch Eeër a Blumme kafen. Dat mécht mir Spaass. Meng Miwwele kafen ech entweder op der Gare - do gëtt et e flotte a moderne Miwwelsbuttek - oder ech bestelle meng Miwwelen op Internet. Ech ginn ni an d’Stad fir Kleeder ze kafen. Et ass zimlech deier. Awer ech ginn zweemol d’Joer an d’Solden. Da kann ech gutt Affäre maachen. Meeschtens ginn ech mat enger Frëndin an Däitschland oder a Frankräich fir Kleeder a Schong anzekafen. Do ass et normalerweis méi bëlleg. Natierlech kafen ech och vill Saachen op Internet, zum Beispill: Sportskleeder, Bicher, Accessoire fir den Handy, Miwwelen an och Kaddoen asw. Vocabulaire akafe goen, d'Kommissioune maachen, an de Supermarché akafe goen, Kleeder kafen e Buttek = e Geschäft Kleederbuttek, Biobuttek, Schongbuttek, Zeitungsbuttek, Maart, Miwwelsbuttek, Bäckerei, Metzlerei, Sportsgeschäft an d’Solde goen, gutt Affäre maachen, Kaddoe kafen Adjektiver: praktesch, deier, bëlleg, stresseg, flott, séier, laang waarden, interessant, vill, wéineg © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. luxembourgishwithanne.lu http://luxembourgishwithanne.lu Ech schreiwen iwwer meng Akaafsgewunnechten: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. luxembourgishwithanne.lu http://luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Akafsgewunnechten - Froen 1. Wéi oft gitt dir Kommissioune maachen? 2. Wéini gitt Dir akafen? 3. Wuer gitt Dir akafen? (op de Maart, am Ausland, an engem grousse Supermarché…) 4. Wat kaaft Dir do? 5. Gitt Dir gär akafen? 6. Mat wiem gitt dir normalerweis akafen? 7. Kaaft Dir och Saachen op Internet? Wa jo, wat? 8. Wéi oft a wou kaaft Dir Kleeder? 9. Gitt Dir an d’Solden? 10. Wou kaaft Dir Kaddoen? (op Internet, an der Stad, am Ausland ….) © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. luxembourgishwithanne.lu http://luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Transportmëttelen Ech schaffen als Fotograf an enger Firma an der Stad. Ech wunnen och an der Stad an dofir benotzen ech meeschtens de Vëlo fir schaffen ze goen. Dat ass praktesch a bëlleg. Wann d'Wieder schlecht ass, huelen ech de Bus. Dat ass och praktesch, mee en Ticket ass relativ deier an ech brauch méi laang fir op de Büro ze kommen. Ech muss och heiansdo an d'Ausland fuere fir meng Aarbecht, zum Beispill op Paräis, Zürich a London. Fir op London an op Zürich benotzen ech de Fliger. Mee ech huelen ëmmer den Zuch fir op Paräis. Mam TGV kommen ech direkt an den Zentrum an dat ass praktesch. Mee den TGV ass deier. Den Auto benotzen ech de Weekend fir akafen ze goen a fir en Ausfluch an d'Ausland mat menger Famill ze maachen. Mir gi regelméisseg samschdes op Metz. Metz ass eng schéi Stad an et ass einfach eng Parkplaz ze fannen. Leider ass heiansdo vill Trafic op der Autobunn an dann sti mir laang am Stau. Dat nervt. Ech si frou, datt mir elo den Tram hei zu Lëtzebuerg benotze kënnen. Dat fannen ech besser wéi de Bus. Ech hunn dräi Kanner an en Hond an dofir fueren mir ëmmer mam Auto an d'Vakanz. Vocabulaire Auto, Vëlo, Zuch, Bus, Fliger, Tram, Moto, Schëff zu Fouss goen eng Parkplaz = e Parking e Billjee, en Ticket, en Abonnement eng Vëlospist, de Busarrêt, d'Gare, de Fluchhafen de Bensin, d'Tankstell Verben: fueren, fléien, goen, parken, benotzen, huelen, waarden ... op Adjektiver: praktesch, séier, lues, deier, bëlleg, pénktlech, reegelméisseg, geféierlech © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Ech schreiwen iwwer: Transportmëttelen déi ech benotzen ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Transportmëttelen - Froen 1. Vu wou kommt Dir elo? 2. Wéi sidd dir haut an den INL komm? 3. Hutt Dir en Auto? Beschreift Ären Auto! 4. Wat fir Transportmëttele benotzt Dir fir schaffen ze goen? 5. Wéi gitt Dir normalerweis an d’Vakanz? 6. Wat fir Transportmëttele benotzt Dir an Ärer Fräizäit? (de Weekend, fir akafen ze goen, fir an d’Ausland ze fueren ….) 7. Hutt Dir e Vëlo? Benotzt Dir de “bloe” Vëlo vun der Stad Lëtzebuerg? 8. Wat fir Transportmëttele benotzt Dir nach? 9. Wat fir Virdeeler huet de Fliger / den Tram? 10. Gitt Dir och heiansdo zu Fouss? © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Sproochen Ech sinn an England gebuer a meng Mammesprooch ass natierlech Englesch. An der Schoul hunn ech nach Spuenesch geléiert. An esou schwätzen ech fléissend Englesch a Spuenesch. Ech si mat enger Russin bestuet. Ech versti Russesch mee ech schwätze kee Russesch. Meng Fra an ech schwätzen Englesch doheem. Ech wunnen zënter 3 Joer zu Lëtzebuerg an elo léieren ech Lëtzebuergesch. Leider ass et net einfach hei reegelméisseg Lëtzebuergesch ze schwätzen. Op der Aarbecht schwätze mir Englesch oder Franséisch an eis Noperen kommen och aus dem Ausland. Ech schwätzen awer Lëtzebuergesch an der Bäckerei an op der Bank. Ech liesen d’Noriichten ëmmer op Englesch awer elo probéieren ech och e puer Artikelen op Lëtzebuergesch ze liesen. Ech lauschteren och de Lëtzebuergesche Radio fir mäi Vocabulaire ze erweideren. Meng Kanner ginn an d’Schoul a si verstinn elo gutt Lëtzebuergesch. Ech schwätzen heiansdo op Lëtzebuergesch mat aner Elteren. Ech sinn och an engem Sportsveräin, am Tennisclub, an do kann ech e bësse Lëtzebuergesch héieren awer ech traue mech nach net ze schwätzen. Vocabulaire ech schwätze gutt/ e bëssen / fléissend + Sprooch, zum Beispill: ech schwätzen e bëssen Italienesch ech schwätze kee(n) + Sprooch, zum Beispill: ech schwätze kee Franséisch meng Mammesprooch ass …, eng Sprooch schwätzen, léieren, verstoen, lauschteren ech liesen op Lëtzebuergesch,… ech lauschteren de Lëtzebuergesche Radio, ech kucken d’Tëlee op Englesch Ech schwätzen doheem ……. © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Sproochen - Froen 1. Vu wou kommt Dir? 2. Wat ass Är Mammesprooch? 3. Wéi vill Sproochen schwätzt Dir? 4. Wat fir Sproochen hutt Dir an der Schoul geléiert? 5. Wat fir eng Sprooch schwätzt Dir doheem? 6. Zënter wéini léiert Dir Lëtzebuergesch? 7. Wat motivéiert Iech fir Lëtzebuergesch ze léieren? 8. Wéini a wou probéiert Dir am Alldag Lëtzebuergesch ze schwätzen? (Aarbecht, Butteker, Post, Bank, Frënn, Noperen, Coursen, Radio ……) 9. Wat mengt Dir: Kann een eng Sprooch duerch d’Medien léieren? 10.Wat mengt Dir: Ass et wichteg méi Sproochen ze schwätzen? Firwat? © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Gesond liewen Text 1 Gesondheet ass e wichtegt Thema fir mech. Um Büro sëtzen ech dee ganzen Dag virum Computer. Ech wëll awer fit bleiwen an dofir maachen ech 3 mol d’Woch Fitness. Ech probéiere meng Fräizäit an der Natur ze verbréngen fir de Stress ofzebauen, zum Beipsill: wann d’Wieder schéin ass, fueren ech de Weekend Vëlo oder ech gi mat menger Famill an de Park oder an de Bësch spadséieren. Am Wanter ginn ech gär zweemol d’Woch an d’Sauna oder an d’Schwämm. An esou bleiwen ech fit. Text 2 Bis haut hunn ech ni op meng Gesondheet opgepasst. Awer elo sinn ech pensionéiert an ech fannen et wichteg an der Pensioun gesond ze liewen. Ech hu leider e puer Problemer mam Réck an dofir muss ech regelméisseg bei den Dokter an d’Kontroll goen. Hie seet, ech soll op meng Gesondheet oppassen. Natierlech passen ech ganz gutt op, wat ech iessen. Säit dräi Joer iessen ech just nach Biogeméis, e bësse Fësch a ganz wéineg Fleesch. Ech probéieren och manner Zocker z’iessen mee dat ass net ëmmer einfach. Ech maachen net gär Sport mee ech ginn all Dag an d’frësch Loft spadséieren. Vocabulaire d’Gesondheet, gesond sinn / liewen / iessen, krank sinn, op d’Gesondheet oppassen, eng gesond Ernärung, e Regime maachen bei den Dokter (Hausdokter) goen, regelméisseg an d’Kontroll goen, ech muss an d’Bluttanalys goen, de Bluttdrock moossen, Kappwéi, Réckwéi, Bauchwéi Stress ofbauen, eng Gripp hunn, den Houscht / eng Erkältung hunn, eng Krankheet Medikamenter huelen, et ass mir oft/seelen/ni schlecht, eppes wéi hunn Aktivitéiten: Fitness maachen, Sport maachen, sech fit halen, an d’frësch Loft goen, spadséiere goen, Vëlo fueren, mussen, wëllen, ofhuelen © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Wat maachen ech fir meng Gesondheet? ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Gesond liewen - Froen 1. Wat maacht Dir fir Är Gesondheet? 2. Wat maacht Dir fir gesond ze bleiwen? 3. Wat maacht Dir fir fit ze bleiwen? 4. Wéi passt Dir op Är Ernärung op? 5. Wat fir Produkter kaaft / verbraucht Dir net? 5. Maacht Dir Sport? (Wat fir a Sport, wéi oft, wéini, mat wiem, firwat …?) 6. Gitt Dir regelméisseg bei den Dokter? Bei wat fir en Dokter? Firwat? 7. Sidd Dir oft krank? Wat hutt Dir dann? (eppes wéi hunn, net gutt sinn, Krankheet) © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Uertschaft / Mäi Wunnuert Text 1 Ech schaffen an der Stad, mee ech wunnen zënter dräi Joer mat menger Fra an engem Appartement zu Hesperange. Hesperange ass en Duerf an et ass net wäit vun der Stad ewech. Ech hu gutt Verbindungen an d’Stad. Ech fuere meeschtens mam Bus op d’Aarbecht. Ech wunne gär zu Hesper. Eist Appartement ass no beim Bësch an et ass roueg do. Eis Nopere si ganz frëndlech. Leider si keng Geschäfter nobäi. Ech muss den Auto huele fir an den Zentrum ze fueren. Do ass dann d’Gemeng an et gëtt eng Post, eng Bank, eng Bäckerei an e puer Restauranten. Text 2 Zënter 5 Joer wunnen ech mat menger Famill um Belair an engem Haus mat Gaart. De Quartier gefält mir immens gutt. Ech fille mech sécher do. Jidderee kennt jidderee. Eis Nopere si roueg a sympathesch. An ech fannen et och ganz flott fir d’Kanner. D’Schoul ass nobäi a meng Kanner ginn zu Fouss an d’Schoul. Et sinn och zwou Spillplazen, e grousse Park, eng Bäckerei an eng kleng Epicerie an der Géigend. Leider muss ech den Auto fir op d’Aarbecht huelen. Ech schaffen um Kierchbierg an d’Busverbindunge sinn net ideal. Vocabulaire ech wunnen an engem Appartement, engem Haus, engem Studio, an enger Residence de Quartier / d’Cité ass roueg, läit gutt, d’Wunneng läit direkt un der Haaptstrooss Ech wunne no bei der Stad, 20 Kilometer vun der Stad ewech, d’Nopere si frëndlech, sympathesch, roueg, maache vill Kaméidi, oft Party d’Verbindungen an d’Stad / op d’Aarbecht si gutt / schlecht - ech huelen de Bus, den Zuch, de bloe Vëlo, den Auto, ech ginn zu Fouss Nobäi ass: eng Schoul, e Park, Butteker, eng Spillplaz, d’Gemeng, e Resaurant … Aktivitéiten: Vëlo op der Vëlospist fueren, an de Park lafe / spadséiere goen, mat den Noperen am Summer grillen, zu Fouss an d’Stad goen, an engem Veräin aktiv sinn, op d’Spillplaz goen © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Wéi a wou wunnt Dir? ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Uertschaft / Mäi Wunnuert - Froen 1. Wou wunnt dir? Säit wéini? 2. Wat fir eng Zort Wunneng ass et? 3. Wat kann een an ärem Quartier / Duerf maachen? Wat fir Aktivitéiten? 4. Gëtt et do och e Veräin / e puer Veräiner oder e Klub? 5. Sidd Dir e Member an engem Veräin / Klub? 6. Wat fir Butteker ginn et do? Sinn do och Restauranten / Caféen? 7. Wat kann ee mat Kanner do maachen? 8. Wat gefält Iech an Ärem Quartier / Duerf / Stad? 9. Wat gefält Iech net sou gutt do? 10. Wéi sinn d’Verbindunge vun Ärem Wunnuert op d’Aarbecht / an d’Stad? 11. Wéi sinn Är Noperen? © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the SproochentestMeng Famill Ech sinn d'Anna. Ech si bestuet an hunn zwee Kanner, ee Jong an ee Meedchen. Mäi Mann heescht Jacques. Mäi Jong, den Tom huet 6 Joer a meng Duechter, d'Julie huet 9 Joer. Si ginn allen zwee an d'Primärschoul. Ech schaffen de Moment net. Mäi Mann schafft als Manager an enger klenger Firma. Meng Eltere wunnen a Polen a meng Schwéierelteren an Däitschland. Mir besiche meng Elteren a meng Schwéierelteren, wa Schoulvakanz ass. Chrëschtdag komme meng Elteren op Lëtzebuerg fir mat eis Chrëschtdag ze feieren. Am Summer verbréngen d'Kanner en Deel vun der Vakanz bei hire Grousselteren. Ech hunn eng Schwëster an ee Brudder. Si wunne béid a Polen a si bestuet. Mäi Mann huet zwee Bridder. Een ass bestuet an huet zwee Jongen an deen aneren ass gescheet. Den Tom an d'Julie hunn zwou Cousinnen an dräi Cousinen. Si wunnen all am Ausland. Vocabulaire Meng Elteren: mäi Papp, meng Mamm Meng Grousselteren: mäi Grousspapp / Bopi, meng Groussmamm / Bomi Meng Geschwëster: mäi Brudder / meng Bridder, meng Schwëster / meng Schwësteren Meng Kanner: mäi Jong / meng Jongen, meng Duechter / meng Duechteren meng Schwéierelteren: mäi Schwéierpapp, meng Schwéiermamm Mäi Monni / meng Monnien, meng Tatta, meng Tattaen, Mäi Cousin / meng Cousinen, meng Cousine, meng Cousinnen Mäin Neveu / meng Neveuen, meng Niess / meng Niessen mäin Enkelkand / meng Enkelkanner ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Ech schreiwen iwwer meng Famill: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Meng Famill - Froen 1. Sidd Dir bestuet? Wa(nn) jo: presentéiert Äre Partner: a) Numm b) Alter c) Wat ass hatt / hie vu Beruff? d) Seng Nationalitéit 2. Hutt Dir Kanner? Wa jo: stellt Äert / Är Kand / Kanner vir: a) Numm b) Alter c) Schoul / Crèche / Beruff 3. Schwätzt iwwer Är Elteren: a) Wou wunne si? b) Wat si(nn) si vu Beruff? c) Wéi oft besicht Dir Är Elteren / Är Famill? d) Wéini besicht Dir Är Elteren / Är Famill? e) Wéi oft - kommen Är Elteren / kënnt Är Famill - op Lëtzebuerg? 4. Hutt Dir Geschwëster? Wa jo: stellt se vir: a) Numm b) Wou wunne si? c) Familljesituatioun d) Wat si si vu Beruff 5. Hutt Dir Tattaen a Monnien? Wa jo: wéi vill? 6 .Hutt Dir nach Famill hei zu Lëtzebuerg? Wa jo -stellt se vir! ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Succeed at the Sproochentest Mäin Alldag Ech erwäche moies ëmmer um 6h45. Ech stinn dann op a ginn an d’Kichen. Um 7h00 Auer drénken ech Kaffi. Duerno, géint 7h30 erwächen ech d’Kanner. Dann huelen ech eng Dusch an um 7h40 maachen ech mech fäerdeg fir op d’Aarbecht. Um 7h50 féiert mäi Mann d’Kanner an d’Schoul an ech fueren op de Büro. Géint 8h25 kommen ech normalerweis un, wann net zevill Verkéier ass. Fir d’éischt, maachen ech de Computer un a liese bis 9h15 meng Mailen. Dono schaffen ech bis 10h30. Dann ass Zäit fir eng Kaffispaus ze maachen. Vun 12h30 bis 13h45 maachen ech gewéinlech meng Mëttespaus. Meeschtens iessen ech e Bréitchen oder eng Zalot um Büro. Eemol d’Woch ginn ech mat Kolleegen vum Büro an de Restaurant iessen. Nomëttes, no 14 Auer hunn ech oft Reuniounen an dono schaffen ech nach um Computer oder ruffe Clienten un, oder schaffen un engem Projet. Um 17h45 halen ech endlech op mat schaffen. Dann ass Feierowend. Ech fueren direkt heem a si géint 18h30 doheem. Meeschtens kacht mäi Mann d’Owesiessen a mir iessen zesumme mat de Kanner géint 19h00 Auer. Nom Iesse ginn d’Kanner an d’Bett. Da kënne mäi Mann an ech a Rou Tëlee kucken oder mir schwätzen e bësse mateneen oder surfen um Internet. Géint 22h30 gi mir endlech schlofen. Vocabulaire fir d’éischt, dann, duerno, géint … Auer, bis ... Auer, no … Auer, tëscht … an … Auer, vun... bis ... Auer fréi, méi spéit, gemittlech, séier, zum Schluss, endlech normalerweis, heiansdo, oft, meeschtens © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu 1. En typesche Schaffdag an der Woch (dir hutt keng Kanner) Wéini: moies, Mëttespaus, nomëttes, owes, nuets Aktivitéite moies: erwächen, opstoen, Kaffi drénken, sech fäerdegmaachen, fortfueren, schaffe goen a) um Büro: ufänke mat schaffen, Emaile schécken a schreiwen, eng Reunioun virbereeden, Reuniounen organiséieren, un enger Reunioun deelhuelen, Cliente beroden, uruffen, hëllefen, a Kontakt si(nn) mat Clienten un engem Projet schaffen, e Projet entwéckelen en Dossier virbereeden oder fäerdegmaachen, e Rendez-Vous ausmaachen eng Kaffispaus maachen, zu Mëtteg iessen, mat Aarbechtskolleegen iesse goen, an der Kantin iessen, spadséiere goen, ophalen mat schaffen, heemfueren b) virun der Aarbecht oder no der Aarbecht: Sport maachen, eng Fräizäitaktivitéit maachen, akafe goen, an e Cours goen, Noriichte liesen oder lauschteren, d’Owesiesse kachen, mat Frënn e Patt huele goen, an de Restaurant goen, erausgoen, Tëlee kucken, am Internet surfen, Musek lauschteren… 2. En typesche Schaffdag an der Woch (dir hutt eng Famill) Wéini: moies, Mëttespaus, nomëttes, owes, nuets Aktivitéiten: opstoen, de Kaffi preparéieren an drénken, d’Kanner undoen, sech fäerdegmaachen, fortfueren, d’Kanner an d’Crèche oder an d’Schoul féieren, ofhuelen Kommissioune maachen, de Stot maachen, doheem schaffen, Sport oder en Hobby maachen, © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu e/eng Frënd / Frëndin treffen, besiche goen, d’Mëttegiesse kachen, d’Kanner siche goen, Hausaufgabe maachen, zesumme spillen, eng Fräizäitaktivitéit maachen, op d’Spillplaz goen, sech ëm d’Kanner këmmeren, d’Owesiesse preparéieren, zesummen zu Nuecht iessen, eng Dusch huelen, Zänn botzen, d’Kanner an d’Bett leeën mat mengem Partner schwätzen, e Film kucken, raschten, liesen, strecken, am Internet surfen, Musek lauschteren Ech schreiwen iwwer mäin Alldag: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeedat the Sproochentest Mäin Alldag - Froen An der Woch 1. Um wéi vill Auer stitt Dir moies op? 2. Wat maacht Dir moies bis 9 Auer? 3. Wat maacht Dir tëscht 9 an 12 Auer? (Auerzäit, Aktivitéiten, Beruff, Famill…) 4. Wat maacht Dir gewéinlech tëscht 12 an 14 Auer? 5. Wat maacht Dir nomëttes tëscht 14 an 18 Auer? 6. Wat maacht Dir no der Aarbecht? 7. Wat maacht Dir nom Owesiessen (Nuechtiessen)? De Weekend 1. Um wéi vill Auer stitt Dir gewéinlech samschdes / sonndes op? 2. Wat maacht Dir gär samschdes moies? (Auerzäit, Aktivitéiten, Famill…) 3. Wat maacht Dir gär sonndes moies am Summer? (Auerzäit, Aktivitéiten, Famill…) 4. Wat maacht Dir gär sonndes moies am Wanter? 5. Wat maacht dir gewéinlech sonndes owes? ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Sozial Kontakter Ech sinn d'Sofia. Ech si bestuet an hunn zwee Kanner, ee Jong an ee Meedchen. Mäi Mann heescht Jacques. Mäi Jong, den Tom huet 7 Joer a meng Duechter, d'Julie huet 9 Joer. Mir wunnen zënter 6 Joer zu Lëtzebuerg an zwar (namely) zu Sandweiler. Ech kommen aus Ungarn a mäi Mann aus der Belsch. Eis Noperen si sympathesch an hunn och Kanner. Am Summer grille mir heiansdo zesummen am Gaart. Si sinn all Auslänner, dofir schwätze mir entweder op Englesch oder op Franséisch a leider kee Lëtzebuergesch. Eemol d’Joer organiséiere mir och “Fête des voisins” an dat ass ëmmer flott fir nei Leit kennenzeléieren. Zu Sandweiler ginn et e puer Sportscluppen a Veräiner. Meng Kanner ginn allen zwee samschdes an d’Scouten. D’Scouten organiséiere vill Aktivitéiten an dofir si mir oft a Kontakt mat aner Famillje vu Sandweiler. Da kënne mir och e bësse Lëtzbuergesch schwätzen. Ech gi reegelméisseg an de Fitness Studio zu Sandweiler. Ech kennen e puer Leit do a meeschtens schwätze mir e bësse zesummen. Zu Sandweiler ginn et och e puer flott Spillplazen an do ginn ech oft sonndes mat menge Kanner. D’Kanner spillen dann zesumme mat anere Kanner. Ech treffen mech och gär mat enger Frëndin an der Stad fir shoppen ze goen, zum Beispill samschdes mëttes an da gi mir op d’Plëss oder op de Knuedler zesummen eppes drénken oder eng Glace iessen. De Weekend invitéiere mir gär Frënn. Mir kachen dann eppes Guddes an esou verbrénge mir e gemittlechen Owend. Oder mir treffe sonndes mëttes Frënn fir zesumme spadséieren ze goen oder an de Kino ze goen. Vocabulaire mat den Nopere schwätzen / grillen - eng Frëndin / e Frënd / Frënn treffen - Frënn / Famill besichen / invitéieren an engem Veräin sinn - an e Cours goen (Kachcours, Sproochecours) - an e Sportsklub goen mat de Kanner op d’Spillplaz goen / op en Duerffest (village festivity) goen mat Frënn op e Concert / an de Kino goen / an de Restaurant goen / spadséiere goen © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Ech schreiwen iwwer meng sozial Kontakter: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Succeed at the Sproochentest Sozial Kontaker - Froen 1. Vu wou kommt Dir? 2. Säit wéini wunnt Dir hei zu Lëtzebuerg? 3. Hutt Dir Kontakt mat Leit aus ärem Duerf / Quartier? 4. Sidd Dir an engem Veräin / Klub? 5. Wat fir Aktivitéiten maacht Dir / maachen är Kanner? 6. Wat maacht Dir mat Frënn de Weekend? 7. Gitt Dir op Evenementer (Musekfestival, Concert, Theater, Kulturevenement ….)? 8. Sidd Dir a Kontakt mat aner Leit hei zu Lëtzebuerg? Wat maacht Dir zesummen? (Noperen, Aarbechtskolleegen, Frënn ….) © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Succeed at the Sproochentest Meng Hobbyen / Fräizäitaktivitéiten Ech maache gär Sport. Mëttwochs owes a sonndes moies ginn ech mat enger Frëndin lafen. Mäi Mann geet oft sonndes moies mat de Kanner an d'Schwämm. Owes nom Iesse kucken ech net gär Tëlee, mee ech liese gär Bicher oder ech lauschtere Musek. Heiansdo surfen ech och op Internet. De Weekend fuere mir gär mat de Kanner Vëlo, natierlech wann d'Wieder gutt ass. Samschdes moies gi mir oft an d'Stad op de Maart akafen an duerno an de Restaurant iessen. Heiansdo gi mir an d’Philharmonie e Concert lauschteren. De Weekend hunn ech och Zäit fir ze kachen. Ech kache gär. Mir invitéieren da gär Frënn fir d’Owesiessen. Oder mir treffe Frënn an der Stad fir eppes drénken ze goen. Am Summer schaffen ech vill am Gaart. Wann d'Wieder schéin ass, maache mir och gär en Ausfluch mat Frënn. Mir fueren dann de ganzen Dag fort a grillen dobaussen. Am Wanter bleiwe mir léiwer doheem. Mir spille mat de Kanner Gesellschaftsspiller oder mir ginn an de Bësch spadséieren. Heiansdo gi mir och an de Kino. Vocabulaire op e Concert goen (an d’Philharmonie...), an den Theater goen, an de Kino goen en Theaterstéck kucke goen, e Film kucke goen an de Restaurant goen, an d’Stad akafe goen Gesellschaftsspiller spillen, Bicher liesen, Musek lauschteren, Fotoe maachen Piano spillen De Weekend: en Ausfluch maachen, an d'Ausland fueren trëppelen, spadséiere goen, © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu am Gaart schaffen, sech entspanen (relaxen) Frënn alueden (invitéieren), Frënn treffen, d'Famill besiche goen akafe goen, eppes drénke goen, kachen Sport: Tennis spillen, Fussball spillen an engem Veräin / Klub sinn, an enger Equippe spillen an de Wantersport goen, Schi fueren, Vëlo fueren, Schlittschong fueren Fitness maachen, Yoga maachen, an d'Schwämm goen schwamme goen, lafe goen, danze goen, reiden trainéieren Ech schreiwen iwwer meng Hobbyen ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Hobbyen / Froen 1. Wat maacht Dir gär an der Woch no der Aarbecht? 2. Wat fir Aktivitéiten maacht Dir gär am Summer dobaussen? 3. Mat wiem verbréngt Dir Är Fräizäit? (eleng, mat menger Famill, mat Frënn...) 4. Wat maacht Dir gär de Weekend? 5. Wat sinn Är Hobbyen doheem? 6. Maacht Dir Sport? Wa jo, wat fir e Sport maacht Dir? (Wéini?, Wéi oft?, Mat wiem?) 7. Wéi oft maacht Dir dat? (oft, heiansdo, all Weekend, sonndes moies ...) 8. Sidd Dir e Member an engem Veräin / Club? 9. Wat maacht Dir am léifsten an Ärer Fräizäit? Wat sinn Är Liiblingshobbyen? © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.luSucceed at the Sproochentest Meng Vakanz Wéi all Joer fueren ech mat menger Famill mam Auto vu Mëtt Juli bis Enn Juli a Südfrankräich. Dëst Joer loune mir en Haus mat Schwämm fir 4 Persounen. D'Haus ass ongeféier 10 Kilometer vun der Plage ewech. Mir verbréngen eis Vakanz ëmmer a Südfrankräich entweder um Mier oder am Hannerland, zum Beispill an der Provence. An der Vakanz drénke mir moies ëmmer zesumme Kaffi. Ech ginn an d'Bäckerei frësch Baguette a Croissante kafen. Duerno gi mir oft eng Stad besichtegen oder mir ginn op de Maart fir frëscht Uebst a Geméis ze kafen. Heiansdo bleiwe mir einfach am Haus fir eis ze entspanen an d'Kanner kënnen an der Schwämm spillen. Mëttes iesse mir gär eng lokal Spezialitéit an engem typesche Restaurant. Wann d'Wieder gutt ass, fuere mir nomëttes op d'Plage a bleiwen dann de ganzen Nomëtteg do. D'Kanner spille gär am Sand an am Waasser. Ech liese gär op der Plage a ginn och gär schwammen. Mäi Mann spillt vill mat de Kanner a rascht och. An der Vakanz grille mir meeschtens owes. Dat mécht eis immens Spaass. Nom Iessen spille mir oft nach e Gesellschaftsspill oder Kaarten oder mir ginn nach e bësse spadséieren. Vocabulaire eng Vakanz buchen, reservéieren, plangen mam Fliger fléien, mam Auto fueren eng Vakanz verbréngen: mir hunn eis lescht Vakanz an Italien verbruecht. Zäit verbrénge mat ...: an der Vakanz verbréngen ech vill Zäit mat de Kanner. all Joer, wéi all Joer, wéi all Summer an d’Bierger goen, op d’Mier fueren, op d’Plage goen eng Rondrees maachen, bei d'Famill goen an den Hotel goen, en Haus / Appartement lounen, op de Camping goen, d’Géigend kucke goen, eng Stad besichtege goen ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Verben: iwwernuechten: zu Barcelona hu mir an engem genialen Hotel iwwernuecht fortfueren, ukommen, zréckommen, Sport maachen, schwammen, schnorchelen, Vëlo fueren, Schi fueren spadséiere goen, wanderen: mir ginn an d'Bierger wanderen sech sonnen, liesen, grillen, kachen, spillen, mateneen schwätzen sech entspanen, relaxen, näischt maachen gesinn, eppes kucke goen, besichtegen Ech schreiwen iwwer meng Vakanz ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Vakanz - Froen 1.Wouhi gitt Dir normalerweis an d’Vakanz? 2.Wéi gitt Dir gewéinlech an d'Vakanz? (Auto, Fliger, Zuch, Bus ….) 3. Wéi oft d'Joer gitt Dir an d'Vakanz? 4. Wéini gitt Dir an d’Vakanz? 5. Wéi laang bleift Dir an der Vakanz? 6. Wéini gitt Dir am léifsten an d'Vakanz? (Summer, Wanter ....) 7.Mat wiem gitt Dir meeschtens an d'Vakanz? (eleng, mat menger Famill, mat Frënn...) 8.Wat fir Aktivitéite maacht dir an der Vakanz? (Sport maachen, spadséiere goen, Plazen & Stied besichtegen, raschten an entspanen …) 9. Wat ass Är Inspiratioun fir an d’Vakanz ze fueren? 10. Gitt Dir och an de Wantersport? 11. Wou waart Dir fir d’lescht an d’Vakanz? ©Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Aarbecht Zënter 6 Joer schaffen ech an der Etude Weiten. Ech sinn Affekot vu Beruff an dat ass meng éischt Plaz. Mäi Büro ass um 3. Stack a meng zwee Kolleege sinn d’Anne an de Claude. De Claude ass Jurist an d’Anne ass eis Sekretärin. De Claude an ech këmmeren ons ëm d’Affairen. Eis Spezialitéit ass d’Finanzrecht a mir hu vill Clienten aus dem Ausland. Mir preparéieren de Clienten hir Dossieren an dofir maache mir vill Recherchen op Internet. Mir sinn ëmmer mam Client a Kontakt, iwwer Telefon oder iwwer Email. Mir gesinn ons och oft fir d’Detailler ze beschwätzen an och fir de Client ze beroden. Dat ass e wichtegen Deel vun eiser Aarbecht. Meng Aarbecht gefält mir immens gutt. Ech fanne se ganz interessant awer heiansdo och stresseg. D’Anne schafft hallefdaags an nëmme fir mech a fir de Claude. Hatt këmmert sech ëm eis Rendez-Vousen mat de Clienten, organiséiert ons Reesen, telefonéiert vill an mécht och déi administrativ Aarbechten, wéi zum Beispill, Emailen a Rechnunge schreiwen a schécken, Dossiere klasséieren asw… D'Anne muss flexibel an zouverlässeg sinn. Dem Anne seng Aarbecht ass zimlech stresseg, well hatt ëmmer vill ze dinn huet! Vocabulaire de Beruff = d’Aarbecht = den Job de Betrib = d’Firma = d’Gesellschaft en Departement, en Service, e Beräich hallefdaags schaffen, eng hallef Tâche hunn, 40 Stonnen d’Woch schaffen, eng ganz Tâche hunn © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu flexibel Aarbechtszäiten, seng Zäit andeelen, gereegelt Aarbechtszäiten an enger Equippe schaffen, eng Equippe betreien un engem Projet schaffen, eng Zesummenaarbecht Reuniounen / Meetingen hunn, virbereeden, festleeën, mam Client a Kontakt sinn e Client beroden zoustänneg sinn fir = responsabel sinn fir sech këmmeren ëm Produkt(er) produzéieren, hierstellen e Kontrakt ënnerschreiwen selbstänneg sinn: ech hu mech virun 3 Joer selbstänneg gemaach Déngscht hunn: ech hunn de Weekend Déngscht (z.B. en Dokter, eng Infirmière...). fräi hunn, Congé hunn Ech schreiwen iwwer meng Aarbecht: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Meng Aarbecht - Froen 1. Wat sidd Dir vu Beruff ? / Wat schafft Dir ? 2. Wou schafft Dir am Moment ? 3. Zënter / Säit wéini schafft Dir do ? 4. Wéi gitt Dir op d’Aarbecht? 5. Wéi laang braucht Dir fir op d'Aarbecht ze kommen? 6. Um wéi vill Auer fänkt Dir u mat schaffen? / Um wéi vill Auer haalt Dir op mat schaffen? 7. Wat maacht Dir op Ärer Aarbechtsplaz? (Beschreift en typeschen Dag!) 8. Wéi fannt Dir Är Aarbecht? (interessant, stresseg, langweileg ....) 9. Wat mécht Är Firma? 10. Musst Dir reegelméisseg an d’Ausland fueren fir Är Aarbecht? 11. Wéi ass d'Ambiance op der Aarbecht? 12. Wéi laang dauert Är Mëttespaus? 13. Musst Dir heiansdo Iwwerstonne schaffen? © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Succeed at the Sproochentest Iessgewunnechten zu Lëtzebuerg Déi dräi Haaptmoolzechten zu Lëtzebuerg sinn: de(n) Kaffi, d’Mëttegiessen an d’Nuechtiessen (Owesiessen). Wat iessen d’Lëtzebuerger moies beim Kaffi? Moies iesse(n) vill Lëtzebuerger eng Schmier mat Botter, Gebeess, Hunneg, Kéis oder Ham. Verschidde(n) Leit iessen och Mëtschen, zum Beispill: e(n) Croissant, eng Schockelasrull,eng Aachtchen … asw. Aner Leit iesse(n) léiwer Uebst a(n) Müsli oder e(n) Jughurt. Fir ze drénke(n) gëtt et moies Kaffi, Téi, Schockelasmëllech, Jus oder Waasser. Wat ësst d’Tania beim Kaffi: Ech wunnen zënter 3 Joer zu Lëtzebuerg, mee ech kommen aus Däitschland. De Kaffi ass fir mech ganz wichteg. Gewéinlech iessen ech e Bréitche mat wäissem Kéis an Hunneg oder Gebeess. Dobäi drénken ech eng Taass Kaffi mat Mëllech. De Weekend iessen ech oft nach e Spigelee oder getriwwelt Eeër mat Wurscht an Ham. Wat iessen d’Lëtzebuerger zu Mëtteg? D’Lëtzebuerger iessen traditionnel tëscht 12 an 1 Auer eng waarm Moolzecht zu Mëtteg. Heiansdo gëtt et eng Zopp als Entrée. Als Haaptplat gëtt et meeschtens Fleesch oder Fësch mat Gromperen a(n) Geméis. Dobäi gëtt et oft eng kleng Zalot. Verschiddener iessen duerno nach en Dessert zum Beispill e(n) Stéck Taart an drénken eng Taass Kaffi. Wat ësst den Henri zu Mëtteg: Ech hunn eng Stonn Mëttespaus. Gewéinlech ginn ech mat e puer Kolleegen an d’Kantin iessen. D’Iesse schmaacht do immens gutt. Mir kënnen tëscht Fleesch, Fësch an italienesch Spezialitéite wielen. Dobäi ass och all Dag e grousse Buffet mat verschidden Zaloten. Als Dessert huelen ech oft eng Schokelasmuss. Déi schmaacht mir besonnesch gutt. Heiansdo huelen ech just eng Uebstzalot. © Luxembourgish with Anne. All Right Reserved. www.luxembourgishwithanne.lu Wat iessen d’Lëtzebuerger zu Nuecht? Owes gëtt et eng liicht Moolzecht, normalerweis Brout mat Kéis a(n) Charcuterie. Si drénken dobäi Waasser, Béier oder eng Taass Kaffi. Allerdéngs, hu(nn) vill Leit hautdesdaags mëttes awer net vill Zäit an iesse(n) just e(n) Bréitchen. Déi Leit iessen dann owes waarm. Wat ësst de Markus zu Nuecht: Ech komme géint 19h00 heem. Dann iessen ech direkt mat menger Famill. Bei eis gëtt et owes ëmmer Schmieren (verschidden Zorte Brout) mat Botter, Kéis, Charcuterie. D’Kanner däerfen och heiansdo Schockelasbotter op d’Schmier maachen. Am Wanter iesse mir och mol gär eng waarm Zopp. Mir drénke Waasser oder Téi an ech drénken och gär nach e Béier dobäi. Vocabulaire Opgepasst: de Kaffi = breakfast (engl) / le petit-déjeuner (fr) Kaffi drénken = to have breakfast / prendre le petit-déjeuner e Kaffi = a coffee (engl) / un café (fr) ________________________________ eng Gewunnecht = a habit (engl) / une habitude (fr) de Kaffi, d’Mëttegiessen, d’Owesiessen eng Moolzecht, en Iessen e Plat, den Haaptplat, d’Entrée, den Dessert eng Schmier mat Botter, Gebeess, Hunneg eng Mëtsch = e Kaffiskichelchen e Paangech / vill Paangecher = a pancake (engl) une crêpe (fr) Müsli, Uebst, Jughurt, wäisse Kéis, e Spigelee, Eeër Fleesch, Poulet, Fësch, Geméis, Gromperen, Purée, Zalot, Nuddelen, Räis Charcuterie, Ham, Zoossiss, Kéis, Brout, Bréidercher, Toast, Zopp - Kürbiszopp, Geméiszopp e Stéck Taart oder Kuch, eng Uebstzalot, eng Glace Waasser, Téi, Kaffi, Schockelasmëllech, Limonad, Jus, Béier, Wäin Verben: iessen, kachen, grillen, broden, wiermen, drénken, schmaachen © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved. Ech schreiwen iwwer meng Iessgewunnechten: ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ ____________________________________________________ © Luxembourgish with Anne. All Rights Reserved.